Fir eis Team ze stäerken, siche mir fir direkt oder no Ofsprooch, e puer
Buschaufferen
déi motivéiert a gewëssenhaft sinn, a fäeg sinn, autonom a clientsorientéiert ze
schaffen.
Viraussetzungen:
- Führerschäin D
- Qualifikatioun fir Beruffschauffer Code 95
- Gefleegten Presentatioun
- Pünktlechkeet, Verantwortungsgefill, Hëllefsbereetschaft
- Sproochen: Lëtzebuergesch an / oder Franséisch an / oder Däitsch
- D’Lëtzebuergesch schwätzen a verstoen ass e Virdeel
- Perséinlechen Auto
Mir bidden Iech:
- En interessanten Posten an enger dynamescher Firma
- E Vollzäitkontrakt, mat onreegelméissegen Aarbechtszäiten
- En attraktive Salaire nom Lëtzebuerger Kollektivvertrag